top of page

Chris Zenner D.O. M.Sc.

Cabinetd’ostéopathieChrisZenneretcollaborateurs-4T7A7261.jpg

Mäin Numm ass Chris Zenner an ech sinn Osteopath zu Lëtzebuerg zënter 2011. Ech hu fënnef Joer zu Wiesbaden studéiert an duerno mäi Master beruffsbegleedend zu Wien gemaach. Bis 2024 hunn ech zu Garnech mam Jo Buekens zesumme geschafft.

Wat mech un der Osteopathie faszinéiert ass, dass all Behandlung anescht ass a sou léieren ech konstant fir de Patiente beschtméiglech ze hëllefen.

Als Member vun der Luxembourg Association of Osteopaths (ALDO) engagéieren ech mech aktiv fir datt d'Osteopathie als "profession médicale de première ligne" unerkannt gëtt.

Ausserhalb vu menger Aarbecht sinn ech Papp vun zwee wonnerbare Kanner, an dës Erfahrung gëtt mir eng wäertvoll Perspektiv fir d'Versteesdemech vu menge Patienten.

Studium an Aktivitéiten

2006-2011

5 Joer Vollzäitstudium um College Sutherland zu Wiesbaden, Däitschland

säit 2019

Member vum Comité vun der ALDO (association luxembourgeoise des ostéopathes)

2014-2016

Deelzäitstudium op der WSO (Wien) fir de Master of Science Degree ze kréien

2011-2024

Mataarbechter vum Jo Buekens zu Garnich

säit 2021

Member vum CSCPS (conseil supérieur de certaines professions de santé)

säit 2023

Member vun der Ad-hoc Kommissioun vum Ministère de la Recherche et de l'Enseignement Supérieur fir d'Validatioun vun den Diplomen

Kontakt

  • Facebook
  • Instagram

​Öffnungszäiten

Méindes - Freides: 8:00 Auer - 20:30 Auer

Samschdes: 8:00 - 12:00

Sonndes: zou

Adress

Contact

1, rue René Moes

L-8348 Capellen

 +352 38 06 38

Merci fir äre Message

Mentions légales

Dateschutzerklärung

© 2025 Cabinet d'ostéopathie Chris Zenner & collaborateurs

bottom of page